Message du Président

mercredi 16 juin 2021

alain glod

Message

Gude Metten,

lo geschwënn neigt sech , erëem, ee rotarescht Joer dem Enn zou. E Joer waat fier ons alleguerten souwuel beruflech wie och privat eng Herausforderung woor. Die digitial Transformation huet an dësen  Zaiten  och hier Schwaachpunkten gewisen  :  Abscence vun den perséinlechen , mënschlechen Kontakter, sech treffen fier ze pooteren , een ze huelen an ze discuteieren iwwert di aktuell Themen an virun allem ze reesen.

 

Wi mier den leschten Méinden am Interclub wooren an d`Echoen aus deenen aaneren Clib héieren hun wooren mir als Bassin Minier bessen houffreg: die mannsten Verainer haaten Aktiviteiten , die mannsten hun sech getraff um Parking fier Wain , Zossissen an Guiden ze verdeelen oder op der Terrasse vun onsem Restaurant wou et kaal a fiicht woor mais daat huet ons nett dovun oofgehaal ons ze begéinen soubaal et erem méiglech wor.

Dee convivialen Volet ass fier mech ganz wichteg esou datt ech iech hei schonns den Datum vun der Passation des Pouvoirs mattdeelen weilt:

Dann hunn ech nach de Punkt vun den Sérigraphien :

Do wollt ech als allereischten dem Nadine nach eng Keier ee grousse Merci soen fier deen ganz flotten geste.

 

Hei gesidd der e puer Photoen vun der Artistin an dem Oeuvre ` le chanteur`, die alleguerten individuell signeiert senn. Dier kann dest Oeuvre zum Prais vun 300 € kaafen via Virement op de compte vum Rotary, mention le chanteur. Dier kritt d`Sérigraphie heem geliwwert ouni Opais. Een Deel vun deene gesammelten Suen wärten mer der Covax aktioun zoukommen loossen wou onsen Orateur den Dr Dentzer vun der Santé den Lien mecht

De Prix Paul Belche wärt den 17.06. um  15.00 op der UNI iwwerreecht ginn.

Ech wollt iech och nach soen datt  mer divers Saachen ugeleiert hunn wie zB  eng cuvée Gin Bassin Minier  wou mier och wärten d`Lescht zirculaieren lossen.

 

Bei der Passatioun wärten mer dann och d’Unerkennung  fier de Paul Harris Fellow iwwerrechen. folgend Kollegen sollten idealerweis présent senn : Ferd Thommes, Fernand Faber, Jeannot Goebel, Peter Stadler , Gilbert Thein an Romain Gaasch

 

Ech wënschen ech Iech nemmen daat Bescht an hoffentlech bis geschwënn .

 

Léif Gréiss an bleiwt gesond

An merci fier alles……


info

body